SEMAINE MUSICALE
vum 13. - 22. Juli 2007
zu Echternach
Am Kader vum Kulturjoer 2007 a vun hirem 135. Anniversaire
organiséiert d'Harmonie Municipale Echternach eng "Semaine musicale"
vu Freides, den 13. Juli bis Sonndes, den 22. Juli 2007.
Um Programm stin folgend Manifestatiounen:
- Freides, den 13. Juli um 21 Auer spillt d'Harmonie Municipale Esch-sur-Alzette den
Optaktconcert am Bannenhaff vun der Orangerie (Abtei).
Samsdes, de 14. Juli ass virun der Orangerie um 21 Auer e Concert vum Quintett "LA BOCA".
-
- Sonndes, den 15. Juli si vun 11 Auer un Concerten am Zentrum vun Echternach,
offréiert vu Museken aus dem Kanton.
-
- Freides, den 20. Juli spillt d'Militärmusek um 20.30 Auer am Bannenhaff vun der Orangerie.
Samsdes, den 21. Juli ass e GALA-Concert vun der Harmonie Municipale Echternach mat
de Solisten Carlo Hartmann a Yännchen Hoffmann.
Sonndes, den 22. Juli steet ganz Echternach ënner dem Moto "Echternach en musique".